
Wuermer huet d’Coupe FLF um gréngen Dësch zougesprach kritt. An der Finall vun der Coupe vun den ënneschten Divisiounen hat sech Walfer nach am 11-Meter-Schéissen duerchgesat. Bei Walfer stoung awer mam Corentin Baudry ee Spiller um Terrain, dee wéinst 3 giele Kaarte gespaart war.