De Walfer Vollekslaf gëtt traditionell op Pappendag gelaf. Et war déi 47. Editioun vun der Stroossecourse am Uelzechtdall, déi vum Yonas Kinde gewonne gouf. De Leefer vum Celtic Dikrech ass an enger Zäit vu 36 Minutten 19 Sekonnen iwwer d’Arrivée gelaf an hat eng komfortabel Avance op de Yannick Lieners vum CA Bieles (37'34'’). De Christophe Kass (CA Fola) war den drëttséierste Lëtzebuerger mat 38'52'’.
Bei den Damme war d’Tetyana Vernygor déi Séierst, déi awer just mat enger Lëtzebuerger Lizenz ënnerwee ass. Beschtklasséiert Lëtzebuergerin war d’Saskia Daguenet vum CSL, déi no 43'58'’ am Zil ukoum, dat virum Martine Mellina (Celtic) an dem Anne-Claire Decker (CA Fola).
Bei de Juniorinne war d’Linda Krombach aus dem Sportlycée déi Séierst, bei de Juniore war et de Semih Ocaktan aus Lycée Aline Mayrisch.
De fréiere Basketspiller Tom Schumacher hat dëst Joer d’Éier, de Parcours als Walfy, d’Maskottche vum Vollekslaf, zeréckzeleeën an ass ronn 20 Minutten nom Yonas Kinde iwwer d’Arrivée gelaf.
D’Organisateure konnte sech iwwer eng grouss Unzuel u Participanteë freeën. Knapp 3.000 Leefer hate sech fir déi dräi Courssen ageschriwwen, dovu sinn der 2.316 de ganze Parcours gelaf.