Lëtzebuerger Futtballer am AuslandYoung Boys Bern wënnt mam Christopher Martins géint Cluj

RTL Lëtzebuerg
Sheriff Tiraspol konnt sech iwwerdeems mam Sébastien Thill géint Roter Stern Belgrad behaapten.
© pressphoto (Archiv)

En Dënschdeg goufen d’Retourmatcher vun der 3. Ronn an der Champions-League-Qualifikatioun gespillt. Am Asaz waren hei zwou Ekippe mat Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller.

Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill war géint Roter Stern Belgrad gefuerdert. Nom 1:1 am Allersmatch gouf et am Retourmatch eng 1:0-Victoire fir Sheriff Tiraspol. Domat kritt et dem Thill seng Ekipp an de Playoffs, déi lescht Ronn virun der Gruppephas, mat Dinamo Zagreb ze dinn. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet déi 90 Minutten duerchgespillt.

D’Young Boys Bern mam Christopher Martins hu géint Cluj gespillt. Am Allersmatch hat ee sech mat 1:1 vum Terrain getrennt, am Retourmatch hu sech d’Young Boys mat 3:1 géint hir Géigner duerchgesat. De Lëtzebuerger stoung an der Startopstellung a gouf an der 87. Minutt ausgewiesselt. An der nächster Ronn wäert dem Martins seng Ekipp op Ferencváros Budapest treffen.

Back to Top
CIM LOGO