
Déi Lëtzebuerger Karate-Sektioun bei der FLAM huet mam Yves Bardreau en neien Directeur Technique fonnt. Den 52 Joer ale Fransous war 7 Mol Europameeschter am Kata mat der Ekipp, zweemol Vizeweltmeeschter an huet eng Kéier d’Bronzemedail am Eenzel op der EM gewonnen. Bei deene Responsabele vum Karate ass een ongedëlleg, fir d’Verbesserungen an Zukunft op alle Pläng ze gesinn.