Marc Thomé iwwer Lëtzebuerger FuttballZäiten, wou ee vill Geld verdéngt huet, fir net vill ze maachen, sinn eriwwer

RTL Lëtzebuerg
De Marc Thomé ass zanter knapp 20 Joer am Lëtzebuerger Futtball als Trainer aktiv.
© RTL Archiv

Marc Thomé iwwer Lëtzebuerger Futtball / R. J. Kettenmeyer

Aktuell sëtzt hien zu Rouspert op der Bänk a wäert dat och an der neier Saison maachen, dat huet hien d’lescht Woch jo schonns confirméiert.

Och wann den Thomé fir aner Veräiner interessant gewiescht wier, ginn et kloer Grënn, fir weider un der Sauer ze bleiwen, dat sot den Trainer am RTL-Interview.

De Marc Thomé bleift zu Rouspert

“Ech hunn nach ee Kontrakt fir d’nächst Saison an ech si gewinnt meng Kontrakter ze erfëllen. Deen zweete Grond ass datt mir am Wanter ganz schlecht do stoungen an ech awer d’Gefill hat, datt d’Spiller an de Comité hannert mir stoungen. Mir hunn am Wanter eng grëndlech Analyse gemaach an zanter deem ass et däitlech besser gelaf, an ech sinn iwwerzeegt, datt wann d’Saison hätt kënne fäerdeg gespillt ginn, mir nach méi no uewe komm wieren.”

No der Corona-Kris ass dem Trainer no awer net méi alles am nationale Futtball wéi et emol war. Virun allem finanziell dierft et fir eng Partie Clibb eng nei Ära ginn.

De Marc Thomé ass zanter 20 Joer als Trainer aktiv, sou wéi den Ëmgang mat Suen elo rezent war dierft et awer sou bal net méi sinn.

“Sou vill Veräiner hunn d’Spiller zesummegeruff an hunn hir Paie gekierzt, wat ech awer ganz normal fannen. En plus gëtt jo elo wärend Méint kee Futtball gespillt, wou kee Spiller eppes kritt, wat och richteg ass. Wéi et d’nächst Saison ausgesäit, ka jo nach kee soen, dat hänkt vun de Sponsoren of. Wat awer ganz sécher ass, déi gëllen Zäiten, wou een hei zu Lëtzebuerg vill Geld verdéngt huet, fir net vill ze maachen, ech mengen déi sinn an der nächster Zäit eriwwer.”

Rouspert ass éischter ee vun de méi klenge Clibb an der BGL Ligue wat dat finanziellt ugeet, och un der Sauer gouf a puncto Budget däitlech manner virgesi wéi nach d’lescht Saison.

“Woubäi mir natierlech och gerechent hu mat Sponsoren, déi kéinten ewechfalen, déi Fester, déi ewech falen, an doropshin hunn mir ee Budget opgestallt, dee vill manner héich ass wéi déi lescht Saison. Ech mengen dat geet all Veräin esou, an elo kann ech mat deem Budget schaffen, do sëtze mir all am selwechte Boot, mä mir als klenge Veräin spieren dat besonnesch staark.”

De Marc Thomé war nom Ofbroch vum Championnat an nom Out vum Bertrand Crasson och mam F91 a Relatioun bruecht ginn, fir den Trainer ass dëst awer net wierklech a Fro komm.

“Iwwerall wou ech Spiller war, sinn ech och Trainer ginn. CSO, Gréiwemaacher, Déifferdeng an d’Jeunesse. Just beim F91 net, et ass also net auszeschléissen, datt ech eng Kéier zu Diddeleng Trainer ginn. Allerdéngs war bis elo ni de richtege Moment do.”

Futtball: Marc Thomé bleift Trainer zu Rouspert

Back to Top
CIM LOGO