No zwee schwierege Joren huet d’Vera Hoffmann mat der Finall iwwert 1.500 Meter bei der Indoor-Europameeschterschaft zu Istanbul iwwerrascht. Dat ass och de Verdéngscht vun engem Lafgrupp vum Celtic, mat deem déi jonk Liichtathletin zanter dësem Hierscht trainéiert - a wou de Bob Bertemes Trainer ass.
De Chrëscht Beneké huet den neie Grupp vum Trainer an Athlet Bob Bertemes an der Virbereedung besicht.