
E Sonndeg huet d’Isabelle Faber d’Lëtzebuerger Faarwen am Teakwondo vertrueden.
Am Tour vun de leschte 16 hat d’Isabelle Faber an der Mëttesstonn mat 0:2 géint d’Aleksandra Perisic de Kierze gezunn. An der éischter Ronn war d’Lëtzebuergerin 5:8 ënnerleeën an och den zweeten Tour goung mat 3:1 un d’Serbin.
Am Repechage, deen am Virowend ausgedroe gouf, hat d’Isabelle Faber eng weider Chance, eng Ronn weiderzekommen. Leider gouf et och hei eng 0:2-Defaite géint d’Iveta Jirankova aus Tschechien. Déi éischt Ronn war zimmlech serréiert (1:2 aus Siicht vun der Lëtzebuergerin), am zweeten Tour war et mat 4:7 awer méi kloer.
No zwou Néierlage war déi 28 Joer al Lëtzebuergerin domat an der Kategorie -67 kg eliminéiert.