F91-President Romain SchumacherZesummenaarbecht tëscht FLF a Clibb inexistent

RTL Lëtzebuerg
Well keng Zesummenaarbecht do ass, ass de Club-Futtball hei am Land an engem lamentabelen Zoustand, esou de Romain Schumacher am RTL-Interview.
© pressphoto Archiv

An de leschten Deeg kënnt ëmmer nees d’Thema vum Spillplang am nationale Futtball op. Den aktuelle Plang ass jo deen, fir déi nächst zwee Joer Iwwergangssaisonen ze hunn, als éischt mat 16 an duerno mat 15 Ekippen, fir dann 2022 nees op der eigentlecher Unzuel vu 14 ze sinn. Eppes, wat net bei jidderengem gutt ukënnt.

Romain Schumacher am Interview/Reportage Jeff Kettenmeyer

D’Lëtzebuerger Futtball-Liga, d’LFL, hat sech jo ugangs der Woch an engem Schreiwes driwwer beschwéiert, datt net mat hinne geschwat gi wier.

De fréiere President vun der LFL an aktuelle vum F91 Diddeleng, de Romain Schumacher, fënnt schonns zanter Jore méi däitlech Wierder an ass ëmmer nees am Clinch mat der Federatioun.

Am RTL-Interview sot hien zum Thema Zesummenaarbecht FLF a Clibb Folgendes: “Do muss ech éierlech soen, ech gesi keng Zesummenaarbecht. Ech schwätzen do als Responsabele vun engem Club, ech gesi keng. Mir hunn ee Gremium uewe sëtzen, dee sech vun de Clibb just dat hëlt, wat e wëll a fir de Rescht net drun interesséiert sinn. Et muss ee sech mol virstellen, si maachen eng Reunioun an den Dag virdrun huet d’FLF schonn all wichteg Decisioune geholl, da kann ee jo wierklech net méi vun Zesummenaarbecht schwätzen. Dofir ass och de Club-Futtball hei zu Lëtzebuerger an engem absolut lamentabelen Zoustand.

De Plang ass, datt een iwwer 2 Joer vu 16 Ekippen an der BGL Ligue op 15 an dann no zwou Saisonen nees zeréck op 14 kënnt.

D’LFL, also d’Liga, proposéiert allerdéngs, zwee Joer zu 16 ze spillen an duerno zeréck op 14 Ekippen ze goen. Fir de Romain Schumacher alles Diskussiounen, déi guer net misste sinn.

Ech verstinn net, wat dat Gewurschtels soll sinn, elo zwee Joer laang eemol mat 16 an eemol mat 15 Ekippen ze spillen. An dat ass fir mech am Endeffekt nach eng Kéier de Beweis vun enger katastrophaler Gestioun vun de Competitiounen vun de Clibb. Et ass déi éischte Kéier, datt ech gesinn, datt eng ganz Rei vu Clibb kritesch gi sinn, soss war ech et ëmmer an ech denken, et ass awer elo un der Zäit, fir op Monnerech raumen ze goen”.

Back to Top
CIM LOGO