Hären
Eng mëttelgrouss Iwwerraschung gouf et um Donneschdeg zu Zolwer, wou d’Lokalekipp aus der Nationale 2 sech mat 100:88 géint d’Musel Pikes duerchgesat huet. Zolwer ass bal alles gelongen am Match an esou konnt een de Géigner um Enn aus der Coupe geheien.
Mat de Black Frogs Schieren steet e weidere Club aus der Nationale 2 an der Véierelsfinall. An engem haart ëmkämpfte Match setzt sech d’Lokalekipp mat 81:71 géint de Racing Lëtzebuerg duerch. De Gäscht aus der Enovos League huet et un der Reussite gefeelt (4/23 Dräier) an esou konnt Schieren iwwerraschend feieren.
Dammen
Um Donneschdeg huet sech de Basket Esch mat 82:69 géint de Racing Lëtzebuerg behaapt. D’Kyra Coulon konnt dobäi 27 Punkten markéieren. D’Musel Pikes wannen däitlech mat 94:52 zu Hesper.
Hären: Titelverdeedeger Esch eliminéiert a Steesel klappt Walfer
Bei den Hären ass den Titelverdeeger Basket Esch eraus. D’Lokalekipp muss sech mat 67:84 géint de Champion Etzella Ettelbréck geschloe ginn. D’Gäscht konnte sech am drëtte Véierel entscheedend ofsetzen an hunn duerch eng gutt Trefferquot aus der Distanz keng Zweiwel un der Victoire opkomme gelooss.
Am Derby setzt sech d’Amicale Steesel auswäerts mat 84:71 géint d’Résidence Walfer duerch. Béid Ekippen hate Schwieregkeeten, fir offensiv an de Match ze fannen, eréischt am drëtte Véierel ass Steesel ënner dem Impuls vum Ahston Sherrell an d’Rulle komm an d’Ekipp konnt sech ofsetzen. Walfer ass am leschte Véierel nach emol bis op 3 Punkten erukomm, Steesel konnt awer reagéieren an um Enn d’Victoire feieren. Den Ashton Sherrell hat 31 Punkten um perséinleche Kont stoen.
D’Arantia Fiels wënnt mat 102:90 géint d’Kordall Steelers. Dobäi konnt den Edson Silva mat 27 Punkten iwwerzeegen.
Mat 81:71 wënnt d’Sparta Bartreng auswäerts beim AB Conter a steet domat am nächsten Tour. De Victor Iwuakor konnt 26 Punkte geheien a gouf vum Victor Stein mat 15 Punkten ënnerstëtzt.
Den T71 Diddeleng setzt sech souverän mat 82:62 zu Hiefenech duerch. Véier Spiller vun de Gäscht hunn op d’mannst 17 Punkte markéiert, de Christopher Jack kënnt op 21 Punkten, dovu 7 Dräier.
Mambra Mamer hat mat Munneref aus der Nationale 2 eng Zäit ze kämpfen, um Enn setze sech d’Gäscht allerdéngs mat 82:72 duerch.
Dammen: 3 Mol Forfait
Bei den Damme gouf um Mëttwoch ee Match am Lalux Ladies Cup gespillt. D’Amicale Steesel iwwerrennt Zolwer aus der Nationale 2 mat 126:32. Um Dënschdeg hat sech d’Sparta Bartreng souverän mat 89:54 géint Miersch aus der Nationale 2 duerchgesat.
Den T71 Diddeleng, den AB Conter a Wolz stinn och an der Véierelsfinall, hir Géigner aus der Nationale 2 (Gréngewald Hueschtert, Etzella Ettelbréck a Black Frogs Schieren) hunn alleguer Forfait gemellt. D’East Side Pirates aus der Nationale 2 haten e Fräilous an dësem Tour a stinn deemno och der Véierelsfinall.