DartsZu Lëtzebuerg gëtt mëttlerweil och a Sportshalen trainéiert

RTL Lëtzebuerg
De Cliché, Darts wier eng Cafésportart, hänkt der Federatioun e bëssen no. Zu Onrecht, wéi och d'Jugendspiller selwer behaapten.
Nowuessaarbecht an der Lëtzebuerger Dart-Zeen
De Clichée “Darts wier eng Cafésportart”, hänkt der Federatioun e bëssen no.

Zanter e Mëttwoch heescht deen neie PDC-Darts-Weltmeeschter Luke Humphries. An der Finall konnt hie sech géint den eréischt 16 Joer jonke Luke Littler mat 7:4 behaapten. D’Zukunft vum internationalen Darts ass beim jonken Englänner a gudden Hänn. Ma och an der Darts Welt zu Lëtzebuerg gëtt am Nowuessberäich geschafft, fir och eng Kéier ee Lëtzebuerger op déi grouss Bün vum Alexandra Palace zu London ze kréien. Allerdéngs trëfft een hei am Grand-Duché ëmmer nees op déi nämmlecht Clichéen.

Sonndes Moies um 2. Jugend-Ranking vum Joer zu Leideleng an der Sportshaal. 6 Jugendlecher am Alter vun 12 bis 17 Joer hu sech ëm wichteg Punkten am Kampf ëm den Eenzel-Championstitel géinteneen gemooss. Am ganze Land ginn et nëmmen 10 Nowuesstalenter, déi souwuel am Championnat vun der Jugend wéi och deem vun de Seniore matspillen. Allerdéngs hänkt de Cliché “Darts wier eng Cafésportart” der Federatioun bëssen no.

Den David Jungbluth, FLD-Vizepresident betount, dass et kee Café-Sport méi ass. Et gëtt mëttlerweil och a Sportshale gespillt an trainéiert. Et wéilt een endlech weisen, dass et e richtege Sport ass.

Déi lescht Joren hat déi Lëtzebuerger Darts Federatioun FLD Problemer mam Nowuess. Zanterhier ass awer vill geschitt. Zweemol de Mount kënnt d’Jugend-Nationalekipp zesummen, fir mateneen ze trainéieren.

Am Ausland wéi zum Beispill Holland ginn et professionell Darts-Schoule fir Jonker. D’Zil ass längerfristeg sou no wéi méiglech un den internationalen Top-Niveau erunzekommen.

Wendy Lutty–Parracho (Jugend Nationaltrainerin): “Wa mer elo mol méi Jugendlecher géife kréien, fir dass d’Motivatioun och e bësse méi grouss ass, dass d’Jugendlech reegelméisseg trainéieren, kéinte mer et hikréien, dass mer et souguer op dee Wee packen.”

Sätz wéi “Darts ass eng Caféssportart” oder “Darts ass dach kee richtege Sport” fannen och déi jonk Nowuesstalenter net ganz richteg.

Colin Kieffer – Gewënner vum 2. Jugend-Ranking: “Also ech kennen Darts net als Caféssport. Ech hunn direkt an der Sporthal ugefaangen. Ech hunn et nach ni anescht gesinn. Déi kéinte sech och vläicht och eng Kéier un eng Scheif stellen a spillen, an da kucken, wat den Aarm duerno seet.”

Am Réidener Lycée zum Beispill gëtt mëttlerweil eng Optioun “Darts” ugebueden, wou 32 Schüler pro Woch, 2 Stonnen Darts spillen. Eng weider Méiglechkeet, fir vun de Clichéen ewech ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO