SchisprangenZweet Victoire fir Kubacki zu Wisla

RTL Lëtzebuerg
Am zweete Sprange beim Weltcup-Optakt huet de Pol Dawid Kubacki och um zweeten Dag jiddereen hannert sech gelooss.
© AFP

Nodeems den Dawid Kubacki um Virdag scho gewonnen hat, huet hien dësen Erfolleg um Sonndeg nach eng Kéier realiséiert. De Pol gewënnt no Spréng op 131 m an 133,5 m virum Anze Lanisek aus Slowenien an dem Norweeger Marius Lindvik. Tëscht dem Zweet- an Drëttplacéierte louche just 1,7 Punkten.

De Gewënner vum Gesamtweltcup vun der leschter Saison, Ryoyu Kobayashi, ass op déi fënneft Plaz gesprongen. Him hu just 0,10 Punkte fir Plaz véier gefeelt.

Wéinst Schnéimangel goufe béid Sprangen am Gréngen ofgehalen.

Back to Top
CIM LOGO