
Am polnesche Wisla war e Samschdeg den Optakt vun der neier Saison am Schisprangen.
Bei den Häre gouf et do eng Victoire fir den Dawid Kubacki aus Polen. Mat 272.20 Punkten konnt hie sech virum Halvor Egner Granerud (266.60) an dem Stefan Kraft (258.00) duerchsetzen.
Bei den Damme war et d’Silje Opseth aus Norwegen, dat sech mat 251.50 Punkte virun den zwou Éisträicherinnen Marita Kramer (244.20) an dem Eva Pinkelnig (243.10) déi éischt Victoire vun der Saison séchere konnt.