RugbyZweet Victoire fir Lëtzebuerg an der Europe Conference

RTL Lëtzebuerg
D'Rout Léiwe wanne 27:14 géint Éisträich an hunn domat eng gutt Ausgangspositioun fir déi weider Matcher am Joer 2024.
Zweet Victoire fir Lëtzebuerg an der Europe Conference
D’Rout Léiwe wanne mat 27:14 géint Éisträich

Am Pool B vun der Europe Conference ass Lëtzebuerg e Samschdeg am Stade de Luxembourg géint Éisträich ugetrueden a konnt sech um Enn mat 27:14 behaapten. Et war déi zweet Victoire nom Erfolleg géint Bosnien-Herzegowina am Oktober (59:10).

D’Ekipp vum Trainer Alexandre Benedetti huet zwar dräi giel Kaarten an ee Penalty kasséiert, mee och d’Éisträicher ware keng Braver an hunn zwou giel Kaarte gewise kritt a souguer dräi Penaltye verschëlt, vun deene Lëtzebuerg profitéiere konnt (jeeweils 3 Punkten).

Donieft hunn d’Rout Léiwen nach véier Tries realiséiert, woumat si op der Gewënnerstrooss waren.

Den nächste Match fir d’Lëtzebuerger ass eréischt am Abrëll d’nächst Joer an Ungarn.

Back to Top
CIM LOGO