
D’Course gouf allerdéngs e puer Stonne virum Depart ofgesot. Wéi et vum Welt-Schi-Verband FIS heescht, géifen déi héich Temperaturen an de staarke Wand et onméiglech maachen eng Course ze fueren.
Beim éischte Slalom vun den Dammen zu Zagreb e Mëttwoch, hat d’Amerikanerin Mikaela Shiffrin hir 81. Victoire an enger Weltcup-Course gefeiert. Domadder feelt hir just nach een, fir den Allzäit-Damme-Rekord vun hirer Landsfra Lindsey Vonn ze knacken a just nach 5 Victoirë feelen, dann hätt si de legendären Ingemar Stenmark ageholl. De Schwed hat a senger Karriär 86 Weltcup-Victoiren an de 70er an 80er Jore kënne feieren.
D’Shiffrin, déi eréischt 27 Joer al ass, hat en Donneschdeg duerch d’Annulatioun vun der Course zu Zagreb deemno keng weider Geleeënheet, de Compteur weider an d’Luucht ze setzen.
De Weltcupzirkus vun den Damme reest elo weider a Slowenien. Zu Kranjska Gora stinn e Samschdeg an e Sonndeg zwee Riseslalomen um Programm. Do wäert d’Shiffrin dann alles dru setzen, de Rekord vun der Lindsey Vonn ze knacken.