Schi AlpinMikaela Shiffrin dominéiert Konkurrenz a feiert 5. Victoire hannerteneen

RTL Lëtzebuerg
Am Slalom bei den Dammen zu Zagreb huet d'Mikaela Shiffrin hir 5. Victoire hannerteneen ugepeilt.
© AFP

D’US-Amerikanerin war dann och schonns am éischte Laf déi séierst Athletin, dat 23 Honnertstel virun der Schwedin Anna Swenn-Larsson a 55 Honnertstel virun dem Petra Vlhová aus der Slowakei. Am zweeten Duerchgang huet d’US-Amerikanerin hir Avance dunn nach eemol ausgebaut a wënnt um Enn souverän mat enger Avance vu 76 Honnertstel op d’Petra Vlhová. Déi drëtte Plaz war fir d’Anna Swenn-Larsson, déi am zweete Laf allerdéngs vill Zäit verluer huet. D’Schwedin hat um Enn e Retard vun 1 Sekonn an 21 Honnertstel op d’Gewënnerin.

Am Gesamtweltcup steet d’Mikaela Shiffrin souverän op der éischter Plaz a konnt hir Avance do e Mëttwoch och weider vergréisseren. Et war iwwregens hir 81. Victoire am Weltcup.

Back to Top
CIM LOGO