
Bei de Kniebeugen huet de Lëtzebuerger Philippe Parage Bronze geholl mat dräi gudde Versich: 310, 325 an 335 kg, wat dann och en neie Lëtzebuerger Rekord bedeit.

Beim Kräizhiewen si seng zwee Versich mat 270 kg, respektiv mat 282,5 kg duergaangen, fir sech och hei d’Bronzemedail ze sécheren.

Beim Bänkdrécken ass et net sou gutt gelaf. E krut déi 195 kg Gewiicht net richteg gedréckt an hat um Enn keen Total an dëser Disziplin.