Lëtzebuerger Futtballer am AuslandZwou Virlage fir de Sébastien Thill bei Victoire vu Rzeszow

RTL Lëtzebuerg
Fir St. Gilloise mam Anthony Moris gouf et eng batter 2:3-Néierlag. Yverdon mam Mathias Olesen konnt sech no engem knappe Match iwwer 3 Punkte freeën.
© Val Wagner

Am Titel-Grupp an der éischter Liga an der Belsch gouf et fir St. Gilloise déi zweet Defaite hannerteneen. Mat 2:3 huet een doheem géint Cercle Bruges de Kierzere gezunn, woumat een d’Tabelleféierung un Anderlecht ofgi muss. Den Anthony Moris stoung bei der Lokalekipp wéi gewinnt am Gol a krut no 79 Minutten eng giel Kaart.

Am Duell an Holland tëscht Vitesse Arnheim an Nijmegen wieren zwee Lëtzebuerger openee getraff, ma den Yvandro Borges stoung wéinst sengem Kräizbandrëss net am Kader. Bei Arnheim huet de Mica Pinto awer bis an déi 83. Minutt gespillt, seng Ekipp huet sech um Enn awer missen 0:3 geschloe ginn, woumat een op déi lescht Plaz zréckfält.

De Sébastien Thill hat géint Znicz Pruszkow ee gudden Dag erwëscht. Beim 2:0-Succès vu sengem Veräin Stal Rzeszow stoung hien déi 90 Minutten um Terrain an huet béid Goler virbereet, woumat ee wichteg 3 Punkten am Ofstigskampf feiere konnt.

An der ieweschter Divisioun an der Schwäiz konnt Yverdon sech an engem enke Match mat 3:2 géint Grasshoppers Zürich behaapten. Op Säite vun Yverdon huet de Mathias Olesen d’Partie ugefaangen, de Lëtzebuerger ass no 88 Minutten vum Terrain geholl ginn.

CSKA Sofia konnt sech an der éischter bulgarescher Liga mat 2:0 géint Levski Sofia duerchsetzen. D’Ekipp vum Enes Mahmutovic, deen déi 90 Minutten um Terrain stoung, spréngt domadder zumindest tëschenzäitlech op Plaz 2 an der Tabell.

An der zweeter Liga an Norwegen gouf et fir Kongsvinger am zweete Match vun der Saison en 1:1 géint Lyn. Bei Kongsvinger stoung de Lars Gerson wéi gewinnt an der Startformatioun, an der 32. Minutt krut hien eng giel Kaart.

An der MLS huet de Maxime Chanot säin Debut fir Los Angeles FC gefeiert. Bei der 2:1-Victoire vu sengem neie Klub ass den Defenseur kuerz viru Schluss agewiesselt ginn, fir d’Féierung iwwer d’Zäit ze retten.

Samschdeg

Mainz huet an der 1. Bundesliga 4:0 géint Darmstadt gewonnen. De Leandro Barreiro stoung vun Ufank un um Terrain a gouf beim Stand vu 4:0 an der 85. Minutt ausgewiesselt. Well Bochum verluer huet, huet een elo just nach 3 Punkte Retard op eng Nët-Ofstigsplaz.

An der zweeter däitscher Liga koum et zum Duell tëscht Elversberg mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte a Magdeburg mam Ofwierspiller Eldin Dzogovic. D’Partie goung mat engem 0:0 op en Enn. Den Dzogovic souz bei Magdeburg de ganze Match op der Bänk. Elversberg bleift op der 11. Tabelleplaz an huet 7 Punkte Virsprong op eng direkt Ofstigsplaz. Magdeburg huet op der 12. Plaz just eng Avance vun 3 Punkten op d’Plaz 17.

St. Pauli huet an der selwechter Liga 1:2 zu Karlsruhe verluer. Den Danel Sinani gouf net agesat.

Vill besser ass et dogéint fir Waldhof Mannheim an der 3. Liga gelaf. Nodeems d’Ekipp vum Laurent Jans an der Paus mat 0:1 hanne louch, huet se den Tempo an der zweeter Hallschent däitlech erhéicht an um Enn mat 6:1 gewonnen. De Lëtzebuerger gouf an der 78. Minutt agewiesselt an huet de leschte Mannheimer Gol um Terrain erlieft. Mannheim steet op der 16. Plaz an huet bei engem Match méi, 5 Punkten Avance op déi éischt Ofstigsplaz.

De Seid Korac huet a Serbien mat Vojvodina 3:0 zu Zeleznicar Pancevo gewonnen. Den Ofwierspiller stoung de ganze Match um Terrain. Vojvodina steet op der 4. Plaz an der Tabell an ass fir den Titelplayoff qualifizéiert.

En 1:1-Remis gouf et tëschent Bastia mam Florian Bohnert an Dunkerque an der Ligue 2 a Frankräich. Den Nationalspiller huet de Match duerchgespillt. Fir Bastia bleift et awer weider brenzeleg am Tabellekeller. Et huet ee just 2 Punkten Avance op eng direkt Ofstigsplaz.

Am Aserbaijan stoung de Vincent Thill wéinst enger Blessur net am Kader vu senger Ekipp Sabah Baku. Baku huet zu Turan Tovuz mat 0:2 verluer.

Freideg

Um Freideg stoungen déi zwee Lëtzebuerger Gerson Rodrigues an Dirk Carlson bei hire Veräiner net am Kader.

De Club vum Rodrigues, Slovan Bratislava, huet sech souverän zu Zilina mat 3:0 duerchgesat.

An der zweeter éisträichescher Liga huet St. Pölten, d’Ekipp vum blesséierte Lëtzebuerger Ofwierspiller, mat 3:7 beim FC First Vienna verluer.

Back to Top
CIM LOGO