
Bei den Häre sinn et e Samschdeg jeeweils dräi kloer Victoirë ginn. De CHEV Dikrech huet sech mat 3:0 (25:19, 25:21, 25:14) géint Iechternach duerchgesat, de VC Fenteng mat 3:0 (25:20, 25:20, 25:15) géint de VB Amber-Lënster an och de VC Luerenzweiler huet dem Escher VBC bei engem 3:0 (25:10, 25:7, 25:14) keng Chance gelooss.
E Sonndeg kënnt et da fir den Ofschloss vum 11. Spilldag nach zu der Spëtzepartie tëscht dem Leader Stroossen géint Bartreng.
Bei den Damme waren d’Matcher vum 11. Spilldag deels e gutt Stéck méi enk. Fir de VC Mamer gouf et eng knapp 3:2-Victoire (25:17, 20:25, 17:25, 25:10, 15:7) géint eng Bartrenger Ekipp, déi der Ekipp vu Mamer mat enger staarker Leeschtung bal déi éischt Defaite vun der Saison bruecht hätt. Réischt am fënnefte Saz war de Match hei entscheet.
Den Tabellenzweete vu Walfer huet sech da mat 3:1 (17:25, 25:22, 25:9, 25:21) géint den Escher VBC duerchgesat an de VC Fenteng huet mat 0:3 (15:25, 11:25, 13:25) géint de VC Stengefort de Kierzere gezunn.