Volleyball-ChampionnatDamme vu Stengefort klappe Walfer am 5. Saz, Leader Mamer weider ongeschloen

Jeff Birsens
Bei den Damme gouf et e Samschdeg virun allem zu Walfer e spannende Match, dee Stengefort am decisive 5. Saz fir sech entscheede konnt.
© pressphoto (Archiv)

Hären

Bei den Hären huet sech de VC Luerenzweiler mat 3:0 géint de VB Amber-Lënster duerchgesat a fir de CHEV Dikrech gouf et eng 1:3-Néierlag (21:25, 24:26, 25:23, 20:25) mat jeeweils enke Sätz. Am Duell tëscht dem Escher VBC an dem VB Iechternach huet déi Escher Lokalekipp mat 0:3 (12:25, 16:25, 16:25) de Kierzere gezunn.

E Sonndeg huet Stroossen mat Fenteng kuerze Prozess gemaach an 3:0 gewonnen.


Dammen

Bei den Dammen huet den Tabelleleader VC Mamer de Match trotz enger kämpferescher Leeschtung vu Fenteng an de jeeweilege Sätz mat 3:0 (25:17, 25:18, 25:16) gewonnen. Och den Escher VBC konnt sech mat 3:0 (25:11, 28:26, 25:20) géint de VB Iechternach duerchsetzen. Méi spannend war et dogéint zu Walfer, wou sech den RSR um am fënnefte Saz huet misse géint de VC Stengefort mat 2:3 (21:25, 25:15, 19:25, 25:20, 12:15) geschloe ginn.

E Sonndeg huet d’Gym Bouneweg beim 3:0 géint Bartreng näischt ubrenne gelooss.

An der Tabell bleift de VC Mamer also weider mat engem groussen Ecart vun 9 Punkte viru Walfer an dem Gym Leader.

Back to Top
CIM LOGO