Soupercoupe am VolleyballFinaliste sti fest: Gym - Mamer bei den Dammen a Luerenzweiler - Bartreng bei den Hären

Kevin Kayser
D'Soupercoupe am Volleyball geet dës Saison eng éischte Kéier iwwer méi Spilldeeg, dat mat Halleffinallen a Finall.
An der Halleffinall vun der Volleyball Supercoupe krut d'Gym et mat Stengefort ze dinn.
An der Halleffinall vun der Volleyball Supercoupe krut d'Gym et mat Stengefort ze dinn.
© Francis MANDERSCHEID

Bei den Damme stinn déi zwou Ekippen an der Finall, déi schonn déi lescht Saison ëm de Championstitel géinteneen ugetruede sinn: CS Gym Volley a VC Mamer.

D'Gym konnt sech géint Stengefort mat 3:1 duerchsetzen. Stengefort hat de Punkt am zweete Saz geholl an dovu profitéiert, datt den Trainer vun der Gym hei e bëssen duerchgewiesselt hat. Mamer hat dogéint géint Walfer kee Saz leie gelooss an ass mat 3:0 kloer als Gewënner vum Terrain gaangen. Hei gëllt et och den zweete Saz z'erwänen, an deenen d'Favorittinne kloer mat 25:9 sech duerchgesat hunn.

D'Finall bei den Hären ass dann de Remake vun der Coupefinall vun der leschter Saison, well Luerenzweiler kritt et mat Bartreng ze dinn.

Luerzenweiler hat sech am Ufank schwéier géint Dikrech gedoen an no zwee ganz enke Sätz stoung et 1:1. Dono awer huet Luerenzweiler e bësse méi säi Rhythmus fonnt a konnt déi zwee Sätz dono méi kloer fir sech entscheeden. 3:1 stoung et um Schluss vun dësem Match. Bartreng a Stroossen hu sech dogéint e richtege Krimi geliwwert, esou datt dëse Match iwwer déi voll 5 Sätz huet misste goen, fir de Gewënner ze kréinen. Stroossen konnt zwee Mol e Réckstand an de Sätz (1:0 an 2:1) ophuelen, ma am decisive Saz konnt Bartreng sech 10:8 duerchsetzen, dat trotz enger Videochallenge vu Stroossen géint de leschte Bartrenger Punkt.

D'Finalle vun den Dammen an den Häre kënnt der vu 16:30 Auer un am Livestream op RTL.lu suivéieren.

PDF: D'Schreiwes vun der FLVB
Invalid Date

Back to Top
CIM LOGO