
An der leschter Véierelsfinall huet Finnland de bis elo ongeschloene Weltmeeschter Italien virun eegenem Public a 5 Sätz (21-25, 28-26, 25-16, 19-25, 15-13) eliminéiert.
Mat aussergewéinlechen 28 Punkten an enger Effizienz vun 68% an der Attack huet de Joonas Jokela fir Finnland de Grondstee fir d'Qualifikatioun zum Final 4 geluecht. Fir d'Skandinavier ass et, no 2007, eréischt déi zweete Kéier, datt si ënnert de leschte Véier vun der Europameeschterschaft stinn.
Fir déi véierte Kéier hannertenee steet iwwerdeems Slowenien an den Halleffinallen. Si hu mat 3-1 (25-22, 25-22, 20-25, 25-13) géint d'Belsch gewonnen. Schonn en Dënschdeg konnt sech Polen souverän mat 3-0 (25-23, 25-17, 25-17) géint Däitschland behaapten a Frankräich hat Rumänien keng Chance gelooss (25-16, 25-19, 25-19).
Domat kënnt et e Freideg zu Mailand zu de Matcher Finnland géint Frankräich a Slowenien géint Polen.
D'Finall ass fir e Samschdeg den Owend am Unipol Forum di Assago zu Mailand programméiert.