
De Volley Bartreng huet seng Aufgab géint den Tabelleleschte vun Esch wéi erwaart erfëllt a no dräi klore Sätz mat 3:0 (25:6, 25:7 a 25:15) gewonnen. Méi spannend war et dogéint beim Duell zu Fenteng, wou sech d’Lokalekipp am fënnefte Saz huet misse mat 2:3 (25:18, 13:25, 25:20, 16:25 a 5:15) géint Luerenzweiler geschloe ginn.
E Sonndeg huet sech de VC Stroossen mat 3:1 (25:18, 23:25, 25:9, 25:18) beim VB Iechternach behaapt a steet domat elo punktgläich mam Volley Bartreng un der Tabellespëtzt. Am weideren Match e Sonndeg hat de VB Amber-Lënster géint den CHEV Dikrech bei engem 0:3 (19:25, 15:25, 6:25) keng Chance.
Bei den Dammen huet de VC Stengefort eng wichteg 3:1-Victoire beim Gym Volley gefeiert. Doduerch sti si elo an der Tabell punktgläich mam Gym Volley op der zweeter Tabelleplaz. An de weidere Matcher vum Dag huet sech no iwwer dräi Stonne Spillzäit dann nach de Volley Bartreng mat 2:3 (25:22, 25:22, 17:25, 16:25, 9:15) misse géint den Escher VBC geschloe ginn. Am leschte Match vum Owend huet sech dann nach den RSR Walfer mat 3:0 (25:21, 25:16, 25:18) beim VC Fenteng duerchgesat.
E Sonndeg huet den Tabelleleader VC Mamer näischt ubrenne gelooss an d’Partie beim VB Iechternach mat 3:0 (25:12, 25:13, 25:14) gewonnen. Duerch dëse Succès hu si hire Virsprong un der Spëtzt vun der Tabell elo op siwe Punkte vergréissert.