
Op der Europameeschterschaft am Beachvolleyball am polnesche Stare Jablonki huet bei de Männer déi schweedesch Koppel Jacob Hölting/Elmer Andersson hiren aktuelle Ranking als Nummer 1 an Europa confirméiert.
Nodeems si an der Halleffinall hir Landsleit an aktuell Olympiagewënner Ahman/Helvig an zwee ganz enke Sätz (23:21, 28:26) eliminéiert haten, hu si och an der Finall géint den Titelverdeedeger aus Norwegen Mol/Sørum gewonnen.
Schonn den éischte Saz goung mat 21:18 u Schweden. Anders Mol a Christian Sørum konnten, och mat engem 21:18, am zweete Saz ausgläichen. Den Tiebreak goung mat engem staarke Block souverän un déi zwee jonk Schweden (20 an 21 Joer), déi domat hiren éischten Europameeschtertitel feiere konnten.
Op déi drëtte Plaz kommen d'Fransousen Arnaud Gautier-Rat an Téo Rotar, déi de reng skandinavesche Podium duerch en 2:1 (21:18, 19:21, 15:12) géint Ahman/Helvig verhënnere konnten.

Och bei den Damme gëtt et en neien Europameeschter. D'Hollännerinne Raïsa Schoon a Katja Stam gewannen hiren éischten Titel a kënne sech, genee wéi Hölting/Andersson, iwwert eng fréizäiteg Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller zu Los Angeles (USA) 2028 freeën.
Déi op Nummer 2 gesate Schooen/Stam gewannen an der Finall géint d'Iwweraschungsekipp aus Spuenien Izuzquiza/Moreno Matveeva. D'Spuenierinne ware just op 17 gesat an hu sech hire Wee no enger Defaite am éischte Match haart erkämpft. An der Halleffinall konnte si déi Éischt an der Ranglëscht Graudina Samoilova aus Lettland mat 2:1 (13:21, 21:14, 15:10) eliminéieren.
An der Finall hate si géint déi staark a gutt preparéiert Hollännerinne Sram/Schoon beim 0:2 (13:21, 11:21) awer keng Chance.
Op déi drëtte Plaz komme Graudina/Samoilova (LAT) duerch eng 2:1 Victoire géint d'Franséisinne Vieira/Chamereau.