
D'Lëtzebuerger Beachvolleyball-Nationalekipp Colin Hilbert a Steve Weber ass de Weekend beim BPT Futures Tournoi zu Modena an Italien an der Tëscheronn eliminéiert ginn.
Den éischte Match an der Pool A huet de Lëtzebuerger Duo e Freideg den Owend mat 2:0 (21:17 an 21:15) géint den Duo Korsakov/Dobcis aus Moldawien gewonnen. Duerno ass et um Centre Court géint déi op Plaz 1 gesaten Italieener Rossi/Caminati gaangen. Dës Partie huet ee mat 0:2 (16:21 a 15:21) verluer. Doduerch huet de Lëtzebuerger Champion missen an d'Tëscheronn.
Hei si si e Samschdeg de Mëtteg géint déi hollännesch Koppel van Werkhoven/van Hal ugetrueden. D'Hollänner stinn am Ranking nëmme knapp virun de Lëtzebuerger. Um Enn konnte Hilbert/Weber net hir bescht Leeschtung ofruffen, sou datt se mat 0:2 (16:21 a 17:21) verluer hunn. Déi zweet Defaite huet d'Eliminatioun aus dem Beach Pro Tour Futures Tournoi bedeit.
Den nächste Weekend trieden Hilbert /Weber zesumme mat der zweeter FLVB-Koppel Pernossi/Wolff zu Schladming an Éisträich beim leschten MEVZA Beach Tour Tournoi un.