VolleyballLëtzebuerger U20 feiert 1. Victoire iwwerhaapt op MEVZA-Niveau

Jeff Birsens
Duerch eng 3:1-Victoire géint d'Slowakei spillen d'Rout Léiwen e Sonndeg ëm d'Plaz 5 géint Zypern.
D'Lëtzebuerger U20 huet sech no der 3:1-Victoire géint d'Slowakei iwwert déi 1. Victoire iwwerhaapt op MEVZA-Niveau gefreet.
© FLVB

E Samschdeg ass der Lëtzebuerger U20-Volleyballnationalekipp vun den Hären an der éischter Halleffinall vum MEVZA-Turnéier en vue vun der U20-EM ëm d'Plaze 5-8 eng 3:1-Victoire géint d'Slowakei gelongen.

D'Lëtzebuerger Ekipp war vun Ufank u gutt am Match, louch tëschenzäitlech mat siwe Punkten a Féierung a konnt den éischte Saz dann och mat 25:21 wannen. Am zweete Saz war de Slowaken dann awer eng gutt Reaktioun gelongen, hunn dann awer beim Stand vun 20:24 direkt véier Sazbäll verspillt an um Enn mat 24:26 de Saz u Lëtzebuerg hierginn.

Dat wollt d'Slowakei duerno net op sech sëtze loossen an huet mat engem staarke 25:15 am drëtte Saz op 1:2 verkierzt. Am véierte Saz hunn d'Lëtzebuerger dann nees opgedréint an tëschenzäitlech en Ecart vun aacht Punkten opgestallt. Et sollt awer nach eemol spannend ginn, well een duerno an e Lach gefall ass an de Géigner dëse grousse Réckstand nach eemol opgeholl krut.

Mat engem groussen Effort zum Schluss ass et dann awer duergaangen, de Sak am drëtte Saz zouzemaachen a sou konnt eng éischt Victoire iwwerhaapt vun der Lëtzebuerger U20 bei der MEVZA U20-Kategorie gefeiert ginn. Topscorer vum Match war den Noah Oesch mat 23 Punkten.

E Sonndeg spillt Lëtzebuerg nees um 11:30 Auer de leschte Match ëm Plaz 4 géint Zypern. Bei enger weiderer Victoire wieren d'Rout Léiwen direkt fir den zweete Qualifikatiounstour fir d'U20-EM qualifizéiert.

© FLVB

Back to Top
CIM LOGO