
E Sonndeg gouf am nationale Volleyball de Supercup bei den Dammen a bei den Häre gespillt.
Bei den Dammen huet den CS Gym Volley no enger immens spannender Partie mat 3:2 (22:25, 25:19, 25:22, 25:15, 15:9) géint de VC Mamer gewonnen. No engem 0:1-Réckstand krut den Gym de Spillstand gedréint, war dann am véierte Saz awer nach eemol wéinst enger staarker Reaktioun vu Mamer agebrach, sou datt et an den decisive fënnefte Saz gaangen ass. Do konnt den Gym Volley da relativ kloer mat 15:9 de Sak no méi wéi zwou Stonnen zoumaachen.
Duerno huet bei den Hären de VC Luerenzweiler mat 3:1 (25:15, 25:19, 18:25, 25:21) géint de Volley Bartreng gewonnen. D'Ekipp vu Luerenzweiler war besser an de Match gestart a konnt déi éischt zwee Sätz relativ däitlech fir sech entscheeden. Duerno konnt Bartreng verkierzen, ma fir ee Comeback ass et am véierte Saz net méi duergaangen, wou sech Luerenzweiler um Enn den Titel geséchert huet.