Nationale VolleyballSupercup 2026 fir déi éischte Kéier iwwer 2 Deeg

RTL Lëtzebuerg
Gespillt gëtt an engem neie Format mat Halleffinall a Finall, souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären. Déi éischt Matcher sinn e Samschdeg, d'Finallen dogéint e Sonndeg.
© Roland Miny / pressphoto (Archiv)

De Supercup 2026 am nationale Volleyball krit en neit Format. Qualifizéiert sinn déi respektiv Championnen, d'Coupegewënner, wéi och d'Vizechampionen an d'Finaliste vun der Coupe. Ekippen, déi zweemol vertruede sinn, ginn duerch déi nächst bescht placéiert Ekippen aus dem Championnat ersat.

Gespillt gëtt mat Halleffinall a Finall am Centre Sportif et Scolaire Michel Rodange zu Waldbëlleg. Et ass fir déi éischte Kéier, datt de Video-Challenge-System mat 18 Kamerae vun der Federatioun zum Asaz kënnt. D'Halleffinalle sinn e Samschdeg, d'Finallen dogéint e Sonndeg.

Programm fir Halleffinallen e Samschdeg:
13:00 Dammen-Halleffinall 1: CS Gym Volley VC Stengefort
15:30 Hären-Halleffinall 1: VC Luerenzweiler CHEV Dikrech
18:00 Dammen-Halleffinall 2: RSR Walfer VC Mamer
20:30 Hären-Halleffinall 2: Volley Bartreng VC Stroossen

Finallen e Sonndeg
16:30 Damme-Finall
19:00 Häre-Finall

Liest hei d'Detailer zum nationale Supercup 2026:

Nationale Volleyball-Supercup 2026
Ekippe-Kadere vum nationale Volleyball-Supercup 2026

Back to Top
CIM LOGO