
A senger Reunioun vum 19. August huet de Conseil d'administration festgehalen, datt d'Supercoupe 2026 vum Volleyball Iechternach organiséiert gëtt. Se wäert eng éischte Kéier iwwer 2 Deeg gespillt ginn: Samschdeg, de 17. Oktober sinn Halleffinallen an e Sonndeg, den 18. Oktober ginn d'Finalle gespillt.
Qualifizéiert sinn déi respektiv Championen, Coupegewënner, souwéi d'Vizechampionen an d'Vizecoupegewënner. Ekippen, déi duebel representéiert sinn, ginn duerch déi nächstbescht klasséiert Ekipp vun der MIXVOIP League ersat.
13:00 1/2 Finall Dammen 1: CS Gym Volley VC Steinfort
15:30 1/2 Finall Hären 1: VC Lorentzweiler CHEV Diekirch
18:00 1/2 Finall Dammen 2: RSR Walfer VC Mamer
20:30 1/2 Finall Hären 2: Volley Bartreng VC Stroossen
16:30 Finall Dammen: Gewënner vun den Halleffinallen
19:00 Finall Hären: Gewënner vun den Halleffinallen
D' Matcher ginn alleguer an der Sportshal vum Centre sportif et scolaire Michel Rodange zu Waldbëlleg gespillt. Eng éischte Kéier kënnt dann och de Videochallengesystem vun der Federatioun an den Asaz. Hei hëllefen 18 Kameraen dem Arbitter bei der Decisioun.