
D'Organisateure vum Luxembourg Ladies Tennis Masters hunn e Freideg matgedeelt, datt et kuerzfristeg zu enger Ännerung bei den engagéierte Spillerinne kënnt. Wéinst enger Blessur kann d'Dominika Cibulkova net untrieden. Si gëtt ersat vum Alizé Cornet. D'Franséisin stoung d'lescht Joer an der Finall an hat an dräi Sätz mat 6:1, 3:6 a 7:10 géint d'Angelique Kerber verluer.
Deemno schloe vum 15. bis den 18. Oktober d'Angelique Kerber, d'Petra Kvitova, d'Agnieszka Radwanska, d'Alizé Cornet, d'Tatiana Golovin, d'Yanina Wickmayer, d'Magdalena Rybarikova an d'Monica Puig an der Coque op.