De GT Open ass déi zweet vun aacht Statioune vun der Indoor World Series. Eng international Serie, déi ënner anerem och zu Las Vegas, Indianapolis, a Brasilien, Mexiko, Singapur, Nimes a Lausanne Statioun mécht.
An datt de GT Open do net just eng Nieweroll spillt, weist e Bléck op d‘Startlëscht. Mam Dän Mathias Fullerton an der Brittin Ella Gibson waren direkt zwou Nummer Eente vun der Weltranglëscht am Compound mat dobäi. De Compound, deen 2028 zu Los Angeles eng éischte Kéier am Mix Team bei den Olympesche Spiller mat dobäi wäert sinn. Och am Recurve, der traditioneller olympescher Disziplin, war d'Weltelite vertrueden. Ënner anerem mat der US Amerikanerin Casey Kaufhold an dem Mexikaner Matías Grande.
Ronn 470 Athleten hunn iwwert e Freideg a Samschdeg hir 60 Qualifikatiounsfeiler geschoss. Ma nieft den internationale Stare konnten och d'Lëtzebuerger iwwerzeegen. An dat besonnesch bei den U21-Dammen am Compound. Schonns zejoert hat et d'Kenza Pop bis an d'Finall gepackt, hat sech deemools awer mat Sëlwer missen zefridde ginn. Dëst Joer wollt déi 19 Joer jonk Bouschéisserin vum Stroossener Club doheem dann d’Goldmedail mat huelen.
An der Halleffinall koum et zum Lëtzebuerger Duell géint d'Lea Tonus. An dat sollt bis op de leschte Feil spannend bleiwen. No 15 Feiler hat d'Kenza Pop mat just engem Punkt Virsprong d'Nues vir. 145 zu 144. Fir déi zwou jonk Athletinnen, déi och international reegelméisseg un den Depart ginn an zu deene beschten Nowuesstalenter zielen, ass de GT Open ëmmer eppes Besonnesches.
An der Finall huet d'Kenza Pop dunn näischt méi ubrenne gelooss. Mat 148 zu 143 huet si sech d'Goldmedail géint d’Brittin Chloe Scott geséchert. Fir d’Lea Tonus war et um Schluss déi 4. Plaz.
An et sollten net déi eenzeg Goldmedaile fir Lëtzebuerg bleiwen. Bei de Recurve-Dammen iwwer 50 Joer huet d'Carmen Beaudeux hiren Titel verdeedegt. An och bei de Compound-Dammen iwwer 50 goung Gold un d'Lëtzebuergerin Stefania Merlin.
Fir ee vun de sportlechen Héichpunkten huet d'Finall bei de Recurve-Häre gesuergt. De Mexikaner Matías Grande, Weltranglëschte-Fënneften, huet hei eng perfekt Finall geschoss. 15 Feiler, 15 Mol d'Zéng. Eng Raritéit am Recurve.
A säi Géigner, de Weltranglëschte-Sechsten Nicholas D'Amour, war kaum méi schlecht. Just een eenzege Feil war an der Néng gelant, a sou goung Gold un de Mexikaner. Beschte Lëtzebuerger war de Jérome Ansel als Zéngten.
Gold bei den Dammen am Recurve goung och u Mexiko, hei konnt sech d’Angela Rui Rosales an der Finall géint d’Hollännerin Quinty Roeffen duerchsetzen.
Bei de Compound-Häre goung Gold un den Italieener Fabrizio Aloisi, wärend bei den Damme Gold fir d’Mexikanerin Adriana Castillo war.