Triathlon-WM zu Pontevedra a SpuenienAurélien Carré gëtt bei den U23 gudden 21ten, Théo Marti op Plaz 26

Tom Flammang
Bern Thill
D'Victoire an der U23-Kategorie geet un de Fransou Nils Serre Gehri.
Déi zwee Lëtzebuerger Aurélien Carré an Théo Marti no der Arrivée bei der Triathlon-WM a Spuenien
Déi zwee Lëtzebuerger Aurélien Carré an Théo Marti no der Arrivée bei der Triathlon-WM a Spuenien
© Bern Thill

Op der Triathlon Weltmeeschterschaft zu Pontevedra a Spuenien waren e Freideg d'U23-Kategorien am Asaz. Lëtzebuerg war an der Männer-Course duerch den Aurélien Carré an den Théo Marti vertrueden. 

Gewonne gouf d'Course vum Fransous Nils Serre Gehri. D'Plazen 2 an 3 ware fir de Britt Michael Gar an den Ungar Zalán Hóbor. Si haten e Retard vun 21 respektiv 23 Sekonnen.

Mat engem Retard vun 2 Minutten an 21 Sekonne konnt sech den Aurélien Carré als gudden 21. klasséieren. Den Théo Marti hat als 26. e Retard vun 3 Minutten a 4 Sekonnen. Béid Lëtzebuerger haten nom Schwammen, um Vëlo, den Uschloss un de Spëtzegrupp fonnt. Zu deem Ament war e Peloton vun iwwer 30 Triathlete beieneen. Um Laf-Parcours ass de Peloton awer explodéiert an déi zwee FLTRI - Vertrieder hunn hir Plaz an der Top-30 gefestegt.

Den Aurélien Carré studéiert zu Toulouse an hat net mat sou engem Resultat gerechent. De Bern Thill hat hien direkt no der Arrivée am Interview.

Den Aurélien Carré am Interview beim Bern Thill, direkt no der Arrivée
De jonke Lëtzebuerger koum op der Triathlon-WM bei den U23 op déi exzellent 21. Plaz.

"Et war richteg schwéier, ech sinn ongeféier als 40. aus dem Waasser komm. Um Vëlo ass et gaangen, mir waren am zweete Grupp mee mir konnten awer kuerz virum Wiessel bei déi éischt opschléisse. Ech hat mat enger Top 35 oder Top 30 gerechent, um Enn 21. ze ginn, domadder sinn ech déck zefridden."

Dem Théo Marti seng stäerksten Disziplin ass d`Schwammen. Seng Analyse vun der Course fält sou aus.

Den Théo Marti am Interview beim Bern Thill, direkt no der Arrivée
Bei der U23-WM am Triathlon kënt hien op déi 26. Plaz.

"Ech si relativ gutt aus dem Waasser komm, sinn zefridde mat mengem Schwamme mee hunn um Vëlo den éischte Grupp verpasst. Ech war ni richteg gutt positionéiert an hu schlecht relancéiert. Am Lafe konnt ech méi Rhythmus awer duerchhalen."

Back to Top
CIM LOGO