
Eng 5.000 Päerd si bei eis am Land bei landwirtschaftleche Betriber gemellt. D’Zuel dierft awer vill méi héich sinn, well vill Päerd bei private Persoune stinn.
Zanter e puer Woche maache sech Besëtzer Suergen ëm hir Déiere wéinst engem Herpesvirus, deen den Ament an Europa zirkuléiert.
Ugefaangen huet de Problem Enn Februar bei engem internationalen Tournoi zu Valencia a Spuenien. Hei ass den Herpesvirus EHV-1 ausgebrach. Ugangs der Woch huet de Landwirtschaftsministère elo matgedeelt, dass et éischte Fäll hei zu Lëtzebuerg géif ginn. Fir d’Päerd ass deen Herpes extrem geféierlech. Et ginn 3 Symptomer, seet de Veterinär Edmond Meyers:
“Engersäits d’Otemweeform, wou haaptsächlech Grippesymptomer optrieden. Dat ass nach déi harmloost. De Virus ass och ganz geféierlech bei droende Mieren, déi virun allem an der zweeter Hallschent vun der Trächtegkeet hiert Fille kënne verléieren. An dann déi elo opgetruede Variant mam neurologesche Schwéierpunkt, wou de Virus iwwer eng iwwerdriwwe Reaktioun vum Kierper de Réckemuerch beschiedegt. Et ass bei de Päerd leider esou, dass wa se esou schwéier behënnert ginn, dass si net méi eleng kënne stoen, da féiert d’Krankheet oft zu engem fatalen Ausgang.”
Fir den Dokter Edmond Meyers ass et wichteg, dass Kontakter tëscht de Päerd op e strikte Minimum reduzéiert ginn:
“Esou wéi dat elo a ganz Europa de ganze Mäerz gemaach gëtt: Transporter vu Päerd, Kontakter zu frieme Päerd, déi mat aneren a Ställ erakommen, respektiv erausginn, esouwäit wéi méiglech reduzéiert ginn.”
Dobäi kann een awer och prophylaktesch géint den EHV-1-Virus virgoen.
“Prophylaktesch ass virun allem d’Impfung, déi eng Roll spillt. Wa flächendeckend d’Päerdbestänn géint den EHV geimpft sinn, kann een d’Verbreedung vum Virus staark erofsetzen.”
De Problem ass awer, dass d’Impfstoffer géint den EHV-1-Virus den Ament ganz rar an Europa sinn. De Virus ass awer vum Päerd net op de Mënsch iwwerdrobar.