En Donneschdeg den Owend goung et ënner anerem ëm d'Fro, wat et haut brauch, fir glafwierdeg ze sinn als Politiker. Wie soll dat jugéieren a wéi?

Skandal oder Stuerm am Waasserglas? Bei der Plagiatsaffär ronderëm d'Ofschlossaarbecht vun eisem Premier Xavier Bettel ginn d'Meenungen auserneen. Wéi glafwierdeg sinn eis Politiker a wat bedeit d'Affär fir e Premier, dee vill Wäert op säin Image leet? Dat ass eng vun de Froen, déi den Owend am Kloertext kontrovers diskutéiert gouf.

Eng wëssenschaftlech Aarbecht ouni Foussnotten, datt dat net geet, léiert een am éischte Joer Uni. Kritik gouf et dowéinst en Donneschdeg den Owend zur Reaktioun vum Héichschoulminister Claude Meisch.

"Wat mech gestéiert huet, war, dass de Minister fir Héichschoul, dee jo awer am Domaine misst sinn, gesot huet: Bis d'5. Joer ass et net schlëmm, duerno gëtt et seriö. Nee, well d'Uni ass kee Lycée méi",
sou de Verfassungsexpert Luc Heuschling.

An der eegener Partei huet ee Versteesdemech. Et wier de Student an net de Politiker, deen d'Aarbecht 1999 ofginn hätt, sou d'Jana Degrott:

"Mir schwätzen net vun engem Premier, deen deemools déi Aarbecht geschriwwen huet. Mir schwätze vum Student Xavier Bettel, dee 26 Joer al war. Deen e Mandat hat."

Dem Staatsminister seng Parteikolleegin Jana Degrott, déi Droit studéiert a fir déi Liberal am Gemengerot zu Steesel ass, seet, datt d'Reprochë géint de Xavier Bettel engem als jonke Politiker Angscht maachen. Si huet d'Gefill, an enger Welt ze liewen, wou ze vill Perfektionismus erwaart gëtt.

Resumé vum Kloertext / Rep. Dany Rasqué

Dat ass en Argument, datt de Sven Clement vun de Piraten net gëlle gelooss huet: "Dir sot et selwer, en hat e Mandat. Et ass also net de Student Xavier Bettel gewiescht. Et war den honorabelen Deputéierte Xavier Bettel, deen hei eng Copy-Paste-Aarbecht ofginn huet."

Wéi eng Auswierkungen d'Reprochë géint de Xavier Bettel kréien, ass nach onkloer. An den Ae vum Pol Reuter, dem Journalist vun der Onlineplattform Reporter, deen d'Plagiatsaffär recherchéiert huet, gëtt den Ament probéiert, de Ball flaach ze halen, wéi hie seet. Et géif sech hannert der Université de Lorraine an hirer Enquête verstoppt ginn.

"Mir hu bei der Université de Lorraine gefrot, wéini d'Enquête uleeft a wéini se ophält. Do krute mer elo just d'Äntwert, datt déi Enquête eréischt an zwou Wochen ufänkt a warscheinlech bis Enn dës Joers mat engem Resultat ze rechnen ass. Dat heescht, dat Ganzt, dat zitt sech elo awer nach eng Zäitchen, bis dass de Premier an och verschidden Oppositiounspolitiker iwwerhaapt mol wëlle Positioun bezéien."

Et muss een der Universitéit elo mol Zäit loosse fir hir Analys, ënnersträicht de Luc Heuschling, deen Droitsprofesser op der Uni Lëtzebuerg ass. Et wier bëssen normal, datt déi net vun haut op muer géif gemaach ginn. Datt duerch d'Plagiatsreprochen, d'Credibilitéit an d'Politik géif a Fro gestallt ginn, gesäit hien net:

"E politesche System gëtt no verschiddene Critèren evaluéiert an e Politiker, ee Politiker vun enger Serie vu Politiker gëtt och no verschiddene Critèren evaluéiert. D'Leit dobausse soe sech vläicht éischter: wou ass d'Politik vum Logement? Wat geschitt mam Klima? Wat geschitt mam Transport? D'Saach vum Diplom vum Här Bettel ass vläicht awer méi eng perséinlech Saach. Dat ass en Deel vu senger Perséinlechkeet, mä glécklecherweis hänkt Lëtzebuerg elo net nëmme vun enger Persoun of."

Fir de Sven Clement vun de Piraten huet de Xavier Bettel selwer awer e gewësse Persounekult erop beschwuer an hätt elo e seriöe Credibilitéitsdefizit, well ee géif gesinn, datt e seng Dossiere scho virun 20 Joer net am Fong gekuckt hätt.

Invitéiert waren:

Luc Heuschling
Droitsprofesser Uni.lu
Verfassungsspezialist

Pol Reuter
Journalist bei Reporter
Huet Politwëssenschafte studéiert

Jana Degrott
Droitsstudentin
DP Gemengerot Steesel

Sven Clement
Deputéierte Piraten
Huet Informatik studéiert

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)