Wéi gesäit d'EU an 10 Joer aus an a wéi eng Richtung entwéckelt si sech?
Am Kloertext erkläre 5 Spëtzekandidate fir d'Europawalen hir Visioun fir d'Unioun.
EU als Friddensprojet
Fir den 80. Anniversaire vum D-Day gouf Russland net invitéiert. Fir den ADR-Politiker Fernand Kartheiser hätt een dat solle maachen. Fir den DP-Spëtzekandidat Charles Goerens wier et richteg gewiescht, en Aggresseur, deen net fir déi europäesch Wäerter steet, net ze invitéieren. Eng Meenung, déi vun dräi anere Gäscht gedeelt gouf. Fir den CSV-Politiker Christophe Hansen wier mam ukrainesche President Wolodimyr Selenskyj déi richteg Persoun an der Normandie gewiescht, fir de Marc Angel vun der LSAP géif d'Ukrain fir demokratesch Wäerter astoen.
Eens ware sech d'Kandidaten, dass diplomatesch Kanäl Richtung Russland missten opbleiwen. Fir d'Kandidatin vun Déi Gréng Tilly Metz wiere Friddensgespréicher mat engem russesche President, deem een net kéint vertrauen, allerdéngs schwiereg.
Wat sinn déi europäesch Grondwäerter?
Op d’Fro, wéi déi eenzel Kandidaten d'Wäerter vun der europäescher Unioun definéiere, gouf et Nuancen an den Ënnerscheeder.
De Christophe Hansen: "Wou mer musse kucken, fir d'Demokratie ze schützen, fir de Rechtsstat ze schützen, fir eis d'Integritéit vum Territoire européen ze schützen."
De Fernand Kartheiser: "Demokratie, Rechtsstaat, Mënscherechter, perséinlech Fräiheeten, onofhängeg Justiz. Dat sinn déi Saachen, op déi mir halen."
De Marc Angel: "Europa ass e Friddensprojet , Europa ass och e Projet vu Solidaritéit, dat ass haut sozial Gerechtegkeet an natierlech d' Demokratie, d'Fräiheeten an de Schutz vun de Biergerinnen an de Bierger, dee ganz wichteg ass."
D'Tilly Metz: "Mir brauchen och en Europa vun der Zukunft, wat zukunftsfäeg ass, an net en Europa vum Réckschrëtt. Ech mengen alles dat unifiéiert Europa."
De Charles Goerens: "D'Wäerter si Sécherheet, Fräiheet, Toleranz, Respekt virun de Minoritéiterechter, Solidaritéit, Demokratie."
Weider Staaten an d'Europäesch Unioun ophuelen
Déi fënnef Parteien, déi am Kloertext souzen, hu sech kloer fir eng EU-Erweiderung an de nächste Joer ausgeschwat. Net eens war ee sech bei der Fro, ob ee virun enger Erweiderung d'Spillreegelen an d'Fonctionnement, wéi Entscheedunge getraff ginn, misst upassen. Do ass de Fernand Kartheiser (ADR) dogéint, CSV, Déi Gréng, DP an LSAP hu sech dofir ausgeschwat.
Weider Themen am Kloertext waren ënnert anerem e méigleche Rietsruck an Europa, de Klimawandel a seng Konsequenzen an och d Migratiounspolitik.
3 Deeg virun de Walen déi grouss Ronn iwwer Europa am Kloertext mat:
Christophe Hansen, CSV
War zu Stroossbuerg ass dunn awer op de Krautmaart gewiesselt a wëll u sech an d’EU-Kommissioun, wat de Premier him och zougesot huet.

Charel Goerens, DP
Doyen vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten, deen 2019 mat iwwer 97.000 Stëmme bäi wäitem am Beschten ofgeschnidden hat.

Marc Angel, LSAP
Wëll zu Stroossbuerg bléiwen, wou hien et och zum Vizepresident vum EU-Parlament bruecht huet.

Tilly Metz, déi Gréng
Fir de Claude Turmes zu Stroossbuerg nogeréckelt, 2019 e super Walresultat, awer lo wuel frou ass, wa se de Sëtz fir hir Partei kann halen.

Fernand Kartheiser, adr
Hofft dës Kéier fir d'éischt ee Vertrieder op Stroossbuerg schécken ze kënnen. Déi lescht Kéier war et sou just net duergaange fir e Sëtz.
