Den Auteur Tullio Forgiarini schwätzt iwwer säin neit Buch "Céruse". Ausserdeem: de Film "The Forty-Year-Old Version" an d'Buch "Vielseitig" vun der BNL.

Als "BabyAlone" war säi Roman "Amok" fir de Kino verfilmt ginn an huet domadder och e breede Publikum erreecht. Elo huet den Tullio Forgiarini en neit Wierk publizéiert "Céruse" an den Editions Hydre. Doriwwer an och allgemeng iwwert d'Schreiwen schwätzt hien am Interview.

De Loïc Tanson stellt den Netflix-Film "The Forty-Year-Old Version" vir.

An d'Christiane Kremer huet d'Buch "Vielseitig" iwwer d'Konschtbicher aus der Nationalbibliothéik matbruecht, do wou mer och op Besuch sinn.

No Art on Air presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

Heintz
Video No Art Liz Heintz