Invitée: D'Schrëftstellerin Anja Di Bartolomeo, ausserdeem den oscarpriméierte Film "Sound of Metal" an d'Foto-Expo "Entre ombres et lumières".

Gläich zwou Kapen huet d'Invitée Anja Di Bartolomeo an der Emissioun un: déi als Organisateurin vum Projet "Gléckssteng" an déi als Autorin vum Roman "Wundholz".

De Loïc Tanson stellt den oscarpriméierte Film "Sound of Metal" vir

An den Dan Wiroth hëlt eis mat an d'Foto-Expo "Entre ombres et lumières".

No Art on Air vun der Terrass vum Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.