Invitée: D'Schrëftstellerin Nahalie Ronvaux mat hirem neie Buch, e Buch iwwer Radio Luxemburg an eng Serie, déi op engem Pulitzer-Buch baséiert.

D’Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux huet hiren zweeten Roman rausbruecht, haut am No Art stellt si hiert neit Buch „Chesterfield du cinquieme“ vir. Donieft schreift si awer och genau sou passionéiert fir den Theater.

De Joel Seiller zielt eis méi iwwert d’Geschicht vun RTL Radio Luxemburg an de Loïc Tanson stellt de Film „The Underground Railroad“ vir.

No Art On Air vun der Terrass vum Gudde Wëllen présenteiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.