Invité: De Graffiti Kënschtler Alain Welter, ausserdeem "Das Blaue Sofa" an e puer Summer Festivallen

Den Alain Welter huet en onverkennbare Stil op der Mauer. De Graffiti Kënschtler huet dëst Joer vill verschidde Projeten uechter Europa. Ma awer och hei zu Lëtzebuerg kennt een den Ament net laanscht den Alain Welter.

Beim Valeria Wiwinius dréint sech alles ëm e bloe Canapé: «Das Blaue Sofa» eng Literaturemissioun di d’nächst Woch e Stopp hei zu Lëtzebuerg mécht.

An d’Claudia Kollwelter huet sech e puer Summer Festivallen erausgesicht a virgestallt.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.