Invité ass de Schauspiller Raoul Schlechter. Ausserdeem d'Expo "Corps et des accords" an der Galerie Schlassgoart.

Dës Woch am No Art ass de Schauspiller Raoul Schlechter op Besuch an zielt direkt iwwert zwee aktuell Stécker, an deenen en den Ament matspillt, an zwar de Molière am Théâtre du Centaure.

Patricia Baum huet sech d'Serie "Expats" mam Nicole Kidman an der Haaptroll ugekuckt, an d’Claudia Kollwelter war sech déi nei Expo an d’Galerie Schlassgoart ukucken, wou de Jean-Claude Salvi, d’Florence Hoffmann, Claudia Uhrhausen an de Lascar zesummen ausstellen.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.