D'Jill Crovisier
Invitée ass d'Choreographin an Dänzerin Jill Crovisier, ausserdeem e puer nei Theaterproduktiounen an d'Expo "United we stand".
D'Choreographin an Dänzerin Jill Crovisier schafft den Ament un hirer neier Kreatioun "The Game - Grand Finale". Am No Art erzielt si méi iwwert de Kreatiounsprozess an di ganz Rechercheaarbecht hannert der Danzperformance.
D'Claudia Kollwelter huet sech e puer Theater - an Danzstécker aus der neier Saison erausgepickt.
D‘Sophie Becker war sech di nei Fotoausstellung "United we stand" an der Abtei Neimënster ukucken, eng dokumentaresch Ausstellung am Kader vum CinEast Festival.
No Art On Air aus dem Vins Fins, presentéiert vum Patricia Baum.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.