An der Vakanz verluer gaangenVermësste Mupp leeft 380 Kilometer bis heem

RTL Lëtzebuerg
Besser hätt dës Geschicht net kënne fir d'Besëtzer ausgoen: Nodeems hire Véierbeener an der Vakanz fortgelaf ass, huet hien de Wee nees eleng heem fonnt.

D’Famill war um Heemwee vun hirer Italienrees, wéi si zu Saint-Martin-de-Belleville en Tëschestopp gemaach haten. De virwëtzege Juegd-Terrier huet sech d’Ëmgéigend ronderëm de Campingcar eleng ugekuckt, ma ass awer net méi vu sengem Spadséiergang erëmkomm. E puer Stonnen hu seng Meeschtesch a säi Meeschter op hie gewaart, awer de Pablo huet sech net blécke gelooss.

Den nächsten Dag hu si hien als vermësst gemellt a si bei hir Famill gefuer. Si hate wuel net domadder gerechent, nach emol eppes vun hirem Hausdéier ze héieren, wéi op eemol déi gutt Nouvelle vu Bekannte vun hinne koum. Dës sollten nämlech wärend hirer Vakanz op d’Haus oppassen an hunn duerch Zoufall en Hond am Duerf entdeckt, dee genausou ausgesäit wéi de Pablo. Doropshin hu si de Besëtzer eng Foto vum Déierche geschéckt. An Tatsaach: Et war hire Mupp. Just méi ofgemoert, dofir awer monter. Ganzer 380 Kilometer huet den Hond zeréckgeluecht, huet d’Besëtzerin Catherine “France bleu” erzielt.

Et war “e richtege Glécksmoment”, sou d’Meeschtesch am Gespréich mam franséische Sender. Fir hiert Gléck an Zukunft net nach emol erauszefuerderen, hu si dem Pablo en GPS-Collier kaf. Sécher ass sécher.

Back to Top
CIM LOGO