
D’Eeër vun der Dermochelys coriacea goufen op dës Plaz geluecht, fir dass d’Deckelsmouke kënschtlech bréie konnten. Dëst ass eng wichteg Etapp am Kampf géint d’Ausstierwe vun Déieren.
Wéi den Ëmweltministère matdeelt, wier dëst déi 2. Kéier, dass Eeër vu Liederdeckelsmouke kënschtlech gebréit goufen. Schonn am Januar sinn op dës Manéier 60 Stéck op d’Welt komm. Si kënne bis zu 3 Meter laang a bis zu 1 Tonn schwéier ginn.