
Bis ewell goufen nämlech just 3 Prozent vun den Awunner geimpft. Ronn 60.000 Persoune liewen an der klenger philippinnescher Stad. Rezenten Ëmfroen no sinn ongeféier 50% vun den eelere Leit den Impfstoffer géintiwwer kritesch agestallt wéinst Berichter iwwer méiglech Niewewierkungen. Dowéinst huet eng nei Strategie missen hier. D’Residenten hunn net nëmmen e Faibel fir Glécksspiller, ma och Déiere komme gutt bei de Leit un, well San Luis staark landwirtschaftlech gepräägt ass, huet de Buergermeeschter betount.
Aus deem Grond ka jiddereen, dee seng Piqûre krut, bei enger Verlousung deelhuelen. De gléckleche Gewënner geet mat enger Kou am Wäert vun ëmgerechent 500 Euro Heem. Bannent engem Zäitraum vun engem Joer soll all Mount ee Béischt verloust ginn.
Mat iwwer 1,2 Milliounen Infektioune leien d’Philippinnen a Südostasien op der 2. Plaz vun de Länner mat de meeschte confirméierte Fäll.
