
Et wier à priori keng meldeflichteg Krankheet, ma et gouf awer en Appell un d’Veterinäre gemaach, positiv Tester eranzemellen.
Den EHV-1-Virus ass héich ustiechend, kann eng uerg Longekrankheet bei de Päerd ausléisen, fir de Mënsch ass en awer net geféierlech.
Den Ament wier net virgesinn, d’Impfung géint den Herpesvirus obligatoresch ze maachen, esou de Minister. Fir verschidde Kompetitioune géingen d’Organisateuren dës awer froen. Dëst Joer hunn uechter Europa schonn eng Rei Turnéier wéinst der aktueller Herpes-Epidemie missen ofgesot ginn.