Um internationale Resisprint zu La Chaux-de-Fonds an der Schwäiz konnt d'Lëtzebuergerin op den 100-Meter-Sprint den nationale Rekord ëm 7/100 verbesseren.

Deen neie Lëtzebuerger Rekord iwwer d'100-Meter-Sprint an 11"52 ass fir d'Patrizia Van der Weken duergaangen, fir an der B-Finall op der 5. Plaz ze landen.