Lëtzebuerger brénge Sëlwermedaile mat heem
D'Ekippe vum Joker a Buerschent.
No der Keeleweltmeeschterschaft zu Langenfeld stoung de Weekend zu Büllingen/Manderfeld an der Belsch de nächsten Héichpunkt um Programm.
Et gouf den World Cup fir Clubbekipp, d'Champions League vum Keelesport, ausgespillt. Lëtzebuerg gouf hei vum Champion bei den Dammen dem Joker 86 a vum Champion bei den Hären KSC Buerschent vertrueden.






D'Dammen vum Joker hu sech um éischten Dag schwéiergedoen an no der Ekipp an den Tandemkompetitioue louche si just op der 4. Positioun. Si wollte sech awer net geschloe ginn a woussten, datt mat dem Punktesystem, wou no all Block Punkte verdeelt ginn nach alles dra war. Ma d'Dammen hu gekämpft an tatsächlech sollt d'Doris Melo de lëschte Block fir sech entscheeden, wat fir den Joker 86 déi 2. Plaz m Generalklassement bedeit huet, dat hannert dem grousse Favorit vun Oberthal an Däitschland.
Bei den Hären hat Buerschent e ganz gudden Depart a sollt an der Ekipp just 38 Holz manner spillen, wéi de grousse Favorit aus Däitschland. Vun Ufank u louche si op der 2. Plaz, mee et war gewosst, datt déi lescht Eenzel alles entscheede géifen.
Déi zwee éischt Bléck hunn d'Spiller vun Oberthal fir sech entscheede kennen, souttdatt si sech no vir ofsetze konnten. Buerschent konnt zwar déi 2. Plaz verdeedegen, mee de Virsprong war net esou confortabel wéi erhofft. Am leschte Block sollt dann d'Decisioun falen, wou d'Laascht op de Schëllere vum Jérôme Petitjean leie sollt.
Et sollt an engem enken Duell stänneg hin an hier goen, mee iwwerraschend sollt hien dee Block gewanne géint Vedetten wéi de Michel Pinot vun Oberthal oder den Hugo Reis Da Silva aus Brasilien. Natierlech war d'Freed grouss, well doduerch konnten och si d'Sëlwermedail gewannen.
Domadder hunn d'Lëtzebuerger Veräinsekippe d'Natiounewäertung vun der Weltmeeschterschaft bestätegt. Mat 2 Sëlwermedaile sinn se di zweet Natioun hannert Däitschland di béid Kompetitioune gewonne hunn.