
Wéi d’Organisatioun World Marine Foundation en Dënschdeg matdeelt, ware ronn 30 Mënschen bei der Rettungsaktioun dobäi. Dorënner Awunner, Membere vum Zivilschutz, Beamte vun der Küstewuecht, Pompjeeën a Strandwiechter.
Den éischte Wal war ee bal zéng Meter laange weibleche Buckelwal mat engem Gewiicht vu ronn aacht Tonnen. Deen zweete Wal war kuerz nom Weibchen op der Plage gestrant. Et war ee Männchen mat enger Längt vu ronn aacht an en hallwe Meter an e Gewiicht vu knapp aacht Tonnen.
D’Rettungsteamen hu sech beméit, d’Broschtflosse vun den Déieren mat Waasser ze bedecken an de Walen et z’erméiglechen ze ootmen. D’Wale sinn du mat Seeler un engem Kran festgemaach ginn an an d’Waasser gelooss ginn, bis se nees vun eleng schwamme konnten.