"Fat Bear"-Concours am Alaska25 Joer alen Otis ass deen déckste Bier 2021

RTL Lëtzebuerg
De Gewënner steet: Och an dësem Joer kann de Bier Otis mat senger Mass iwwerzeegen. Dobäi huet et um Ufank vum Concours net gutt fir hien ausgesinn.

Bei deem kuriéise “Fat Bear"-Concours am Alaska kënnt et op d’Gewiicht un. Ma den “formidabele Saumonfëscher” huet seng Konkurrenz an de Schied gestallt. De massive Bier Otis huet sech beim Concours fir dat déckste Pelzdéier am Katmai-Nationalpark an der Final géint de ronn 450 Kilogramm schwéieren “Walker” duerchgesat. “De beléifte Patriarch mat der décker Panz” huet d’Konkurrenz hannert sech gelooss. Dat deelt d’Administratioun vum Park am nërdlechen US-Bundesstaat mat.

Zwielef Biere waren eng Woch laang am Rennen ëm de witzegen Titel, deen den Otis schonn an anere Joren ofgeraumt hat. “Den Otis huet den Titel verdéngt. Keen anere Bier huet a sou kuerzer Zäit esou haart geschafft ", gratuléiert e Fan um Site vum Park.

Mat senge 25 Joer ass den Otis, deen eelste Bier an der Regioun. Hien huet nëmmen nach e puer Zänn a war um Ufank vum Summer nach ganz dënn. Ma hie wier awer e Meeschter am Saumonfëschen, och wann hien dacks nëmme lässeg a schléifreg wierkend am Floss géif stoen. Senger Erfarung ass et ze verdanken, datt hie sech “manner beweegt an ëmsou méi frësst.

Scho bei deem éischte Concours 2014 war den Otis als Gewënner gekréint ginn. Deemools ass nëmmen un engem Dag ofgestëmmt ginn, zanterhier zitt sech de Concours iwwer eng Woch. Och 2016 an 2017 huet den Otis sech den Titel geholl. Ma d’lescht Joer hat awer de massive Bier 747 mam Spëtznumm “Jumbo Jet” déi meescht Fans. Méi wéi 793.000 Stëmme koumen dëst Joer aus der ganzer Welt zesummen. Dat ass däitlech méi wéi déi ronn 600.000 bei de viregte Walen.

Mam “Fat Bear"-Concours wëll de Park iwwer Ekosystem an de Liewensraum vun deene ronn 2.000 Bieren an der Regioun informéieren an op d’Gefore fir d’Déieren opmierksam maachen.

Back to Top
CIM LOGO