
Panesch huet dat ronn 80 Kilo schwéiert Déier an engem Trapenhaus vun engem Méifamilljenhaus an Hessen randaléiert. Der Police war et gelongen, de Véierbeener am Keller aspären. Doropshin hunn d’Inspection vétérinaire an e Jeeër versicht, d’Wëllschwäi fir kuerz Zäit z’entschlofen, fir et nees an der Natur auszesetzen. No e puer mësslongene Versich huet dat blesséiert Déier missen erschoss ginn. Et koum keng Persoun zu Schued.