WëssenschaftAarteschutz fir d'Mënschheet ze schützen

RTL Lëtzebuerg
An de vergaangene Joren huet d'Weltnaturschutzorganisatioun 135.000 Aarten ënnersicht. Bal 28 Prozent sinn haut vum Ausstierwe bedrot.
© AFP

D’Weltnaturschutzunioun (IUCN), déi fir hir Rout Lëscht vun de bedroten Aarte bekannt sinn, huet e Freideg hire Kongress mat enger zentraler Botschaft lancéiert: De Schutz vun der Aartevillfalt ass kee Gefalen, deen de Mënsch den Déieren a Planzen erweist, mee läit a sengem eegenen Interessi. Schliisslech ass eng intakt Natur d’Viraussetzung, fir dass de Mënsch proppert Drénkwaasser huet an op gesondem Buedem Landwirtschaft bedreiwe kann.

D’Ausstierwe vun den Aarte sou wéi de Klimawandel, d’Ëmweltverschmotzung a Krankheeten, déi vu wëll Déieren iwwerdroe ginn, hu sech zu enger existenzieller Menace fir d’Mënschheet entwéckelt.

© AFP

9 Deeg laang wäerte sech Net-Regierungsorganisatiounen, Indigener sou wéi Regierungsvertrieder zesumme mat ronn 16.000 Wëssenschaftler iwwer Virschléi fir de Schutz vun Déieren- a Planzenaarte beroden.

Eng Propos, wéi d’Natur ka geschützt ginn, ass ee globale Pakt bis 2025 ze schléissen, deen 80 Prozent vum Amazonas schützt. En anere Virschlag ass de Verbuet vun der Plastikverschmotzung an de Mierer bis 2030.

Bis ewell ginn 80 Milliarden Dollar weltwäit pro Joer fir den Aarteschutz ausginn. De Sébastian Moncorps, Chef vum franséischen IUCN-Kommitee, fuerdert, datt dës Zomm verzéngfacht gëtt.

Back to Top
CIM LOGO